Wéi alles ugefaangen huet
1913 gëtt den éischte Scoutsgrupp hei am Land an der Stad vum Professer Tockert gegrënnt. Dat selwecht Joer kënnt de Prosper Colling als 1. Paschtouer op Esch/Grenz mat der Aufgab, d’Par ze organiséieren. Wéi op villen anere Plazen am Land, grënnt hien 1917 e sougenannte “Jünglingsveräin”, wat deemools en Grupp war wou Jonge konnte verschidden Aktivitéite maachen. Ee Joer méi spéit proposéiert hien dem Comité vun dësem Veräin, eng Scoutssektioun ze grënnen. Den 1. Mee 1918 ass dann den offizielle Grënnungsdatum vun der Scoutssektioun “Sacré-Coeur”. Den Emile Koener gëtt éischte Sektiounsmaster (Gruppechef) vun eisem Grupp. Dat selwecht Joer ass och den éischte Camp zu Leideleng. Vun den Amerikaner kréie mer e grousst Zelt, de Rescht vum Material schafe mer selwer un. 1919 gëtt de Grupp als 5. Sektioun am Land an de Verband vun de Lëtzebuerger Scouten opgeholl.
Bis den Ufank vum Krich
6 Grenzer ginn op de Jamboree 1921 zu London.
Am Hierscht 1923 grënnt de Charel Rhein op der Grenz dat éischt Wëllefchersruddel am Land. De Charel gëtt éischten Akela a publizéiert déi éischt Wëllefcherszeitung „De Wëllefche vun Esch/Grenz“.
1933 gëtt de Jhang Müller neie Gruppechef. Ee Joer virdrun huet hie schonn eisen éischte Roverclan gegrënnt.1937 huelen um leschte Jamboree virum zweete Weltkrich zu Vogelenzang 36 Scouten aus eisem Grupp deel.
Fir den 20. Anniversaire ze feieren, organiséiert eise Grupp1938 deen éischten nationalen Jamboree wou Scouten aus Frankräich, der Belsch, England, Holland, Liechtenstein, Polen, Estland an Éisträich deelhuelen, dorënner och den Prënz Emmanuel vu Liechtenstein.
Wärend dem Krich
Den 10 Mee 1940 marschéieren déi Däitsch a Lëtzebuerg an. Esch gëtt mat Hëllef vun de Scouten evakuéiert an eise Grupp féiert seng Aktivitéiten a Südfrankräich weider. Wéi déi éischt no 3 Méint aus dee Evakuatioun zeréckkommen, treffen sech déi 3 Kommissär Jhang Müller, Tony Noesen a Georges Everling fir ze beroden, wéi d’Scoutsaktivitéite kënne weidergoen.
De 15. August kommen d’Scoutschef aus dem Süddistrikt am Grenzer Wëllefcherssall zesumme fir hiert Scoutsverspriechen ze erneieren an sech d’Wuert ze ginn, dem Okkupant ze widderstoen. Et ass d’Grënnung vun der éischter organiséierter Resistenzorganisatioun am Land. Den 23. August ginn d’Guiden an d’Scoute verbueden. Déi Grenzer organiséiere weider verstoppte Versammlungen. Et gëtt sech awer geschwuer, d’Kanner net a Gefor ze bréngen. D’Scoutsresistenz ass ganz aktiv. Esou ginn zum Beispill Jongen déi hätte sollten an d’Wehrmacht an de Minne verstoppt, oder Jiddesch Famillen iwwert d’Grenz geschleist. Eng ganz Rei vun eise Chef kommen a Gefaangenschaft a kommen eréischt 1945 erëm heem.
Nom Krich bis 1994
Den 10. September 1944, nom Krich, sicht de jonke Posper Colling all d’Memberen zesumme fir am Oktober erëm Versammlungen halen ze kennen. Well nach vill Chef net zeréck sinn, bekëmmeren sech e puer Rover ëm d’Leedung vun der Sektioun.
Gläichzäiteg huelen de Paschtouer Jean Engler an de Kaploun Georges Jacoby Kontakt mam Josée Leider op mat der Iddi fir op der Grenz déi éischt Escher Guidesektioun ze grënnen. D’Josée seet zou an de Grupp wiisst schnell. Trotzdeem kréien eis Guiden eréischt mam Bau vum Ariston eege Säll.
1947 ass den éischte Jamboree nom Krich zu Moisson, bei Paräis wou 11 Grenzer deelhuelen. Am Juli vum nämmlechte Joer si 40 Grenzer Wëllefcher zu Paräis, wou si sech an d’gëlle Buch vum Arc de Triomphe androen.
1951 gëtt de Fernand Frank Wëllefcherschef. Hien gëtt méi spéit Bëschof vu Lëtzebuerg.
1969 gëtt de Guy Weis neie Gruppechef . Ab Hierscht 1973 funktionéieren offiziell eng Explorertrupp an eng Pionéiertrupp. D’Scoutsbranche gëtt opgedeelt an de Roger Richter gëtt éischte Pio-Truppechef. 1978 gëtt hien dann och Pionéierskommissär vum Land. Zu deem Moment stellt de Grenzer Grupp 3 vu 4 national Branchekommissär mam Jos Molitor bei de Wëllefcher (net méi op der Grenz aktiv), dem Guy Weis bei den Explorer an dem Roger Richter bei de Pionéier. 1981 gëtt de Guy Weis dann zum Commissaire Général gewielt.
Am Abrëll 1977 entsteet op der Grenz eng weider Branche: d’Gamma. Ab elo kënnen och behënnert Kanner bei eis matmaachen.
Fusioun vun de Grenzer Guiden a Scouten
Schonn 1979 sinn eis Wichtelcher an eis Wëllefcher zesummen op de Camping gaangen, obwuel si nach getrennte Versammlungen haten. 1994 fusionéieren d’Guiden an d’Scouten. De Guy Weis gëtt Gruppechef vum nei fusionéierte Grupp an d’Christiane Wolter-Walisch, bis dohi Gruppecheftaine bei de Grenzer Guiden, gëtt Adjointe. De Grupp profitéiert dann och vun dësem Moment fir sech en neien Numm ze ginn: Hellegt Baarbel Esch/Grenz. Dat selwecht Joer ass och de gréissten internationale Camp zu Lëtzebuerg, den Atlantis. Iwwer 5000 Guiden a Scouten aus der ganzer Welt huelen deel an de Guy Weis ass Campchef.
1998 gëtt den Marc Weis neie Gruppechef.
Den däischterste Moment an eiser Geschicht bis elo
2001 ass en nationale Camp wou all Wëllefcher a Pio mat hire Chef deelhuelen. Wärend engem Nuetsspill fält d’Gwendoline Konen vun engem Hang a stierft. Séier huet de Grupperot sech d’Fro gestallt, op eise Grupp soll weiderbestoen oder net. Zesumme mam Gwen senger Famill ass d’Entscheedung geholl ginn, fir weiderzemaachen. 2002 ginn d’Cara-Pio an d’RaRo an d’Corse op e Camp volant. Dëse Camp sollt gläichzäiteg en Hommage un d’Gwen an en Neiufank sinn.
Bis elo
2006 geet eise Grupp mat de Gruppe vun Housen-Houschent an Äischen op en Camp mam Numm “Newport” an d’Belge. Hei entsteet eng déif Frëndschaft tëschent de Chef vun den 3 Gruppen, déi bis haut undauert. Weider gemeinsam Aktivitéite sollten nach nokommen.
Vun Ufank un hat eise Grupp Membere vu verschidden Nationalitéiten. Säit 2016 hunn mer och den éischte Gruppechef mat auslännesche Racinnen, den Tit Sum Wong.
2022 ginn den Rui Oliveira an den Dani Freitas Gruppechef.