Kontakt & Versammlungen

Eis Versammlungen sinn all Samschdes (ausser an den Schoulvakanzen) vun 16h-18h fir eis Wëllefcher an vun 16h-18h fir eis AvEx. Eis CaraPio treffen sech Freides vun 18h bis 20h an eisem Scoutshome. D’RaRo hunn 1-2 mol den Mount Versammlung op Récksprooch.

Der kennt entweder an den Versammlungen laanscht kommen oder schreift eis eng Email op grupp@esch-grenz.lgs.lu

D’Lag vun eisem Home fannt der ënnen am Bild (et ass hannert der Kierch Sacré-Coeur). Der kennt iwwert den Boulevard Prince Henri era fueren tëscht den Nummeren 11 an 14. Iwwert d’rue Zénon Bernard (tëscht den Nummeren 67 an 69) kennt der och zu Fouss bis bei eis kommen.