CaraPio

fir Jugendlecher vun 14 bis 17 Joer

Bei den Carapio gëtt vill Wäert op Matbestëmmung geluecht, souwuel bei der Wiel a Virbereedung, wéi och beim Duerchzéie vun Aktivitéiten. Et läit op der Hand, dass also och d’Matverantwortung an den Engagement groussgeschriwwe ginn. Den Héichpunkt vum Joer ass e Camp, dee bei de CaraPio meeschtens am Ausland ass a wou am Zelt geschlof gëtt. Eis Versammlungen sinn sou opgebaut dat CaraPio sech en Projet selwer auswielen an dann och plangen an duerchfeieren. Spaass dierf awer net dobäi feelen an ass eis och immens wichteg. Hei erliewen eis Jugendlecher onvergiesslech Momenter.

Kontakt & Versammlungen

Eis Versammlungen sinn all Freides (ausser an den Schoulvakanzen) vun 18h-20h

Der kennt entweder an den Versammlungen laanscht kommen oder schreift eis eng Email op grupp@esch-grenz.lgs.lu