Wëllefcher

fir Kanner vun 7 bis 11 Joer

Si entdecken, fuerschen, léieren, schléisse Frëndschaften,….an dat alles bei eis an de Versammlungen. Mir maachen allerhand interessant Aktivitéiten, ginn zesummen op Sortien an nach méi. Den Héichpunkt vum Scoutsjoer ass de Summercamp; dat ass ëmmer e super Erliefnis. Do schlofe mir 4 Nuechten hei am Land an engem flotte Chalet. Nach méi kuerz a knackeg gesot, léieren d‘Kanner an de Wëllefcher ganz elementar Wäerter kennen: Solidaritéit, Verantwortung, Hëllefsbereetschaft, Matgefill, Geschécklechkeet, a.s.w. 

Kontakt & Versammlungen

Eis Versammlungen sinn all Samschdes (ausser an den Schoulvakanzen) vun 10h-12h

Der kennt entweder an den Versammlungen laanscht kommen oder schreift eis eng Email op grupp@esch-grenz.lgs.lu