RaRo

fir jonk Erwuessener vun 17 bis 23 Joer

RaRo steet fir Ranger a Rover. D’Ziler vun de RaRo orientéiere sech un de Besoinen vun de jonken Erwuessenen. D’grousst Zil ass, dass déi jonk Erwuesse lues a lues duerch Aktioune bewosst un hirem Erwuesse-sinn an Engagéiert-si schaffen. De Grupp, wou d´RaRo sech treffen, nennt sech Clan. Dëse Clan trefft sech reegelméisseg a Versammlungen a setzt sech Ziler a Reegelen. D´RaRo léieren zesumme schaffen an huelen Decisiounen zesummen.

Kontakt & Versammlungen

Eis Versammlungen sinn 1-2 mol den Mount

Der kennt entweder an den Versammlungen laanscht kommen oder schreift eis eng Email op grupp@esch-grenz.lgs.lu