AvEx

fir Kanner vun 11 bis 14 Joer

An den AvEx geet et drëms fir ëmmer méi u Selbstännegkeet ze gewannen a fir sech an anerer Verantwortung ze iwwerhuelen. Déi Jugendlech ginn ëmmer méi an de Choix, d’Organisatioun an d’Ausféierung vun den Aktivitéiten agebonnen, getrei dem Motto vum Baden Powell “Ask the boy/girl”. Och de Prinzip vum “learning by doing” gëtt an den AvEx groussgeschriwwen, well een doduerch ëmmer rëm nei Saache léiert an iwwert sech erauswuesse kann. Mir probéieren eis Versammlunge fir déi Jugendlech sou flott ewei méiglech ze gestalten, an dobäi steet Spaass un éischter Stell. Och op Weekender, Sortien an um alljäerleche Summercamp erliewe mir onvergiesslech Momenter zesummen.

Kontakt & Versammlungen

Eis Versammlungen sinn all Samschdes (ausser an den Schoulvakanzen) vun 16h-18h

Der kennt entweder an den Versammlungen laanscht kommen oder schreift eis eng Email op grupp@esch-grenz.lgs.lu